|
D'Legend Johnny Chicago lieft!
Nodeem de Lëtzebuerger Prisongsschësser Jacques Guddebuer (alias Johnny Chicago) no engem minable Bankiwwerfallversuch vun de Flicken erschoss ginn ass, versicht säin Acolyte Chuck Moreno am drëtten Deel vun der Andy-Bausch- Trilogie mat Hëllef vum Jacques sengem Brudder, dem Ray Guddebuer, selwer och en Troublemaker, dem Johnny Chicago op d'mannst säi leschte Wonsch z'erfëllen: eng Rees an Amerika. Dem Johnny seng Äsche gehéiren einfach op Chicago!
Allerdéngs sinn dem Jacques seng Fra d'Jenny an och seng Duechter d'Tess, dat dommerweis och nach Flic huet misse ginn, vun der Iddi net begeeschtert.
Esou gëtt des Entreprise sou munch engem vun den Troublemakeren zum Verhängnis...
Den „trouble no more" ass a bleift e spannenden, unterhaltsamen a virun allem Lëtzebuerger Kultfim!
|
|
*cast*
Marco LORENZINI (Ray Guddebuer), Nilton MARTINS (Jorsch), Hervé SOGNE (Zizou), Ender FRINGS (Chuck Moreno), Nicole MAX (Jenny JAKOBY), Nora KOENIG (Tess JAKOBY), Jean-François WOLFF (Fränz), André JUNG (Angelo), Frédéric FRENAY (Mike),...y
|